Warning: file_put_contents(/opt/frankenphp/design.onmedianet.com/storage/proxy/cache/3f145a8cc52d70642af3c513e3331358.html): Failed to open stream: No space left on device in /opt/frankenphp/design.onmedianet.com/app/src/Arsae/CacheManager.php on line 36

Warning: http_response_code(): Cannot set response code - headers already sent (output started at /opt/frankenphp/design.onmedianet.com/app/src/Arsae/CacheManager.php:36) in /opt/frankenphp/design.onmedianet.com/app/src/Models/Response.php on line 17

Warning: Cannot modify header information - headers already sent by (output started at /opt/frankenphp/design.onmedianet.com/app/src/Arsae/CacheManager.php:36) in /opt/frankenphp/design.onmedianet.com/app/src/Models/Response.php on line 20
Skrotum – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Skrotum

Vu Wikipedia
De mënschleche Skrotum an engem relaxéierten an engem ugespaanten Zoustand.

De Skrotum oder Hodesak ass nieft dem Peenis ee vun de baussenzege Fortplanzungsorgan vun de männleche Mamendéieren. Et ass eng Hautfal, déi tëscht dem Peenis an dem Anus hänkt an dacks mat Hoer bedeckt ass. Am Skrotum leien déi zwéin Hoden.

D'Funktioun vum Skrotum ass et, eng méi niddreg Temperatur wéi de Rescht vum Kierper (tëscht 33 an 35°C) oprechtz'erhalen. Iwwerméisseg Hëtzt zerstéiert d'Spermien, déi an den Hode produzéiert ginn. Well en aus Haut a Muskele besteet, kann e sech zesummenzéien oder ausdeenen, fir d'Temperatur bannenan z'erhéijen, respektiv méi niddreg ze maachen. En zitt sech och zesummen, wann de Mann oder dat männlecht Déier sexuell erreegt ass. D'Muskelfaseren am Skrotum, déi fir déi Beweegung verantwortlech sinn, heesche Musculus cremaster.

An der fetaler Entwécklung ass bei weiblechen Déieren d'Géigestéck vum Skrotum d'Grouss Schamlëpsen (Labia majora).

Bei der Kastratioun ginn d'Hode komplett ewechgeholl, dacks zesumme mam Skrotum, wouduerch net nëmmen d'Produktioun vun de Spermien, mee och vun den Hormoner, déi an den Hoden hiergestallt ginn, ënnerbrach gëtt.

D'Sensibilitéit vum Skrotum spillt eng Roll bei der Sexualitéit. Eng douce Beréierung kann erreegend sinn. Eng graff Beréierung kann dogéint staark Péng provozéieren.

 Commons: Skrotum – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]