Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 65.858 Artikelen an 159 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…
- … deen éischte Geldautomat zu Lëtzebuerg am Mee 1982 op der Post, op der Stater Gare, a Betrib geholl gouf?
- … de Finneschen Nationaltheater (Suomen Kansallisteatteri) deen eelsten Theater a Finnland ass, an deem Stécker op Finnesch gespillt ginn?
- … de Gallo-réimeschen Tempel zu Steesel fir eng Gottheet mam Numm Cerunincus opgeriicht gi war, iwwer déi soss näischt gewosst ass?
- … de Sënn an Zweck vun den Nazca-Linnen am Peru, honnerte vu schnouerriichte Linnen am Wüstebuedem, awer och Representatioune vun Déieren a Planzen, bis ewell net eendeiteg bestëmmt konnt ginn?
- … d'Aansebuerger Schlass op d'Wunnhaus vum Schmelzenhär Thomas Bidart zeréckgeet, deen an de 1620er Joren ë. a. zu Simmer en Héichuewe bedriwwen huet, fir Waffen ze produzéieren?
Artikel vun der Woch

De Renert ass eng Déierefabel, déi um Johann Wolfgang von Goethe sengem Reinecke Fuchs baséiert. Virdergrënneg geet et ëm d'Geschicht vum Fuuss Renert, deen déi aner Déiere veruuzt (och alt der doutmécht), dofir e puermol viru Geriicht gestallt gëtt, zum Schluss awer vum Kinnek, dee sech och vum Fuuss ëmgaachele léisst, geadelt gëtt. Mä d'Geschicht ass just de "Virwand", fir d'gesellschaftlech a politesch Zoustänn satiresch ze beschreiwen oder ze parodéieren: Wéi Lëtzebuerg, am Kader vun der Lëtzebuerg-Kris, bal vun engem vu sengen Nopere geschléckt gouf an d'Industriebesëtzer (déi bal all och gläichzäiteg Politiker waren) zerstridden hunn, wou s'am beschten ewechkéimen; d'Hypokrisie vun der deemools nach allmächteger kathoulescher Kierch, z. B. an der Affär vum Paschtouer vu Maarnech, engem sou gutt et goung vertuschte Pedophilieskandal, a wéi déi einfach Leit (duergestallt duerch kleng Déieren - Mais, Vigel, och alt Schof) ëmmer nees déi Domm dobäi waren.
Well vill Bierger an och d'Kierch sech getrëppelt gefillt hunn, gouf d'Buch laang doutgeschwigen an souguer zenséiert. Haut awer gëtt de Renert als dat gréisst Stéck Literatur a Lëtzebuerger Sprooch vum 19. Joerhonnert ugesinn... > méi
Op engem 10. Oktober

- 1813: Gebuert vum italieenesche Komponist Giuseppe Verdi.
- 1861: Den norwegesche Fuerscher a Friddensnobelpräisdréier Fridtjof Nansen gëtt gebuer.
- 1862: De lëtzebuergesche Schmelz-Entreprener Émile Mayrisch kënnt op d'Welt.
- 1901: Gebuert vum Schwäizer Kënschtler Alberto Giacometti.
- 1917: Den US-amerikaneschen Jazzmuseker Thelonious Monk gëtt gebuer.
- 1930: De britteschen Auteur Harold Pinter kënnt op d'Welt.
- 1941: Déi däitsch Zivilverwaltung muss hir Personenstandsaufnahme ofblosen, mat där se d'Lëtzebuerger wollte soen doen, si wieren "deutsch", wéi s'erausfannen, datt et an enger Majoritéit vun den Äntwerten "3 x Lëtzebuerg" heescht.
- 1985: Doud vum US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur Orson Welles.
Kierzlech Verstuerwen

- : 5. OktoberLotte Ledl, éisträichesch Schauspillerin.
- : 1. OktoberJane Goodall, brittesch Zoologin, Primatologin an Anthropologin.
- 23. September: Claudia Cardinale, italieenesch Schauspillerin.
- 16. September: Robert Redford, US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur a Filmproduzent.
- : 4. SeptemberGiorgio Armani, italieenesche Moudendesigner.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik